Nationale CaraPio Summercamp 2022

Ënnen op der Säit kanns du dech fir de STAFF mellen. Mir freeën eis op dech.

Léif CaraPio, léif Chef, léif Alleguer,

Wéi déi meescht warscheinlech, huet et och eis traureg gestëmmt datt de Slov’It 2020 wéinst der COVID19 Pandemie huet mussen ofgesot ginn. Déi Entscheedung war sécher net einfach mee noutwenneg fir d’Gesondheet vun eis alleguer.

Am Virfeld gouf scho villes vun enger ganzer Rei motivéierter Guiden a Scouten organiséiert. Aus dësem Grond wëlle mir gären en neien Ulaf fir de Nationale CaraPio Summercamp 2022 starten.

Hei déi wichtegsten Informatiounen:

  • Plaz: Slowenien
  • Datum: Mëtt – Enn Juli 2022

Vue datt de Camp ëm 2 Joer verréckelt hunn, muss och de Staff sech deelweis nei opstellen. Am Moment gesäit d’Ekipp esou aus:

Campchef Basile Dell Julie Weicker
Admin/PR Aurélie Dell
Programm Andi Vuori Nathalie Gales
Infra Pascal Steichen
Finanzen Claude Watgen

An dësem Formular kanns du dech direkt mellen an direkt e puer Choixen uginn wann s du dat wëlls. Hei fënns du och eng kleng Beschreiwung vun deenen eenzele Beräicher.

Fir en top Camp ze organiséieren brauch et méi wéi nëmmen e puer Leit mee do steet e ganze Staff dohannert. Eisen (Top)Staff 7 Haaptberäicher déi jeeweils rëm ënnerdeelt sinn. Och du hues sécher eng Stäerkt an deementspriechend kann een seng passend Roll an eisem Staff fannen.

  • Administratioun/PR

Hei sëtzt en Team zesummen aus deels kreative Leit déi de Beräich Reklamm oder Grafik decken kënnen an awer och Leit mat engem gudde Wuertlaut fir eis bei der Sponsoring-Sich ze ënnerstëtzen. Firmen uschreiwen, Gadgets plangen asw. Momentan Beräicher vum Team „Administratioun/PR“ sinn : Reklamm, Grafik, Sponsoring, Gadget, Umeldungen.

  • Finanzen

D’Finanz-Team ass e ganz wichtegen Deel vum Camp, fir genee ze wësse wéien Team iwwer wéi eng Mëttelen verfüügt. Huet all Grupp bezuelt? Wéi gesäit et mat Ravi-Käschten aus? Sinn all d’Rechnungen bezuelt? Du hues e gudden Iwwerbléck iwwer Zuelen – dann mell dech embedengt!

  • Infra

Kee Camp ouni eng Infra-Ekipp! De Muskel vun engem gudde Camp. Vun enger perfekt geplangtener Campplatz iwwer d’Verfügung vu Konstruktiounsholz weider zu enger Ekipp Mobil stellen si alles duer an och hei gëtt nach gutt Ënnerstëtzung gebraucht a gesicht. Beräicher vum Team „Infra“ wieren : Infrastruktur (Campplatz, Konstruktiounen, Staffberaicher, Bühnen asw), Transport an „Ekipp Mobil“)

  • 1. Hëllef

Klengen oder grousse Bobo? Dann ass dëst Team fir dech do! Du hues Erfahrungen an dem Beräich vun der Medezin? Dann mell dech onbedéngt, hei gëtt all Hand gebraucht. Mee net nëmmen dat. Am Team vun der 1. Hëllef ass och e Beräich „Sécherheet“ mat dran. Si këmmeren sech ënner anerem drëm ze kucken dass Brandschutz-relevant Themen gekläert sinn an d’Sécherheet am Fall vun enger Evakuatioun a villes méi.

  • Ravi

Mir behaapten mol dee wichtegsten Deel vun dem Staff – well hutt dir scho mol sou richteg hongereg CaraPio (a Chefs) erlieft? Ustrengend! Vun Iesse plangen iwwer kachen fir de Staff zu der Kommunikatioun mat Fournisseuren ass hei fir jiddereen e Beräich op. E weidere klengen Deel vum Ravi-Team ass eng CaraPio-Bar an och eng Chef-Bar. De Posten vun der Chef-Bar ass dobäi am Moment vu KENGER Wichtegkeet. Aner Beräicher gi méi gesicht. Et kann een sech awer gäre scho mol mellen wann ee gläichzäiteg och eng aner Staff-Aarbecht unhëllt.

  • Programm

Kee Camp ouni eppes bidden ze kënnen. Den Andreas Vuori an d’Nathalie Gales wëllen dës Tâche gären nach weider féieren, well scho vill Aarbecht fir d’Joer 2020 dora gefloss ass. Wat eis extrem freet. Si brauchen awer och nach Ënnerstëtzung fir hiert Team. Du organiséiers gäre Veilléen oder Ausflich? Hues Loscht eng fantastesch Campband opzestellen? Da mell dech! E klengen Deel vun dësem Team ass och d’Crèche wann s du also gäre mat de klengsten den Dach verbréngs – zéck net dech ze mellen.

  • Sous-Camps

Hei brauch et wuel keng weider Erklärungen. Déi 1. Ulafstell fir  déi eenzel Truppen.

Elo ass et un dir a fann deng Plaz am Staff-Team. An dësem Formular kanns du dech mellen an direkt e puer Choixen uginn wann s du dat wëlls. Bei Remarquen kanns du wann s du wëlls däi Choix och nach präziséieren: Z.B. ukräizen vun Programm a bei Remarque dobäischreiwen: Campband an Véilléen.

  • Wann s du a kengem Grupp méi aktiv bass, kanns du "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" auswielen.
  • Du kanns méi wéi ee Beräich auswielen.