Iron Scout 2021 – Info 2

 

CaraPio a Chef !

Den IRON SCOUT kann den 2. Abrëll NET – stattfanne,
well de de Couvre Feu leider net wéi gehofft weg fällt.

Dëse supercoolen Event loosse mir dëst Joer trotzdeem net einfach falen,
mä mir verréckelen den Datum vum IRON SCOUT op den :

10.-11. JULI 2021.
(Samschdes op Sonndes)

Weider Informatiounen, och wéi et lo mat der Umeldung geet, fënns du hei ënnendrënner.

Hoffentlech bis am Juli,

CaraPio Regionalekipp Süden

Umellung

Aus organisatoresche Grënn muss all Trupp déi beim Iron Scout am Juli 2021 wëll matmaachen, sech nach eemol nei unzemellen.

All Trupp kritt säin Acompte zréck iwwerwisen (falls schonn ee bezuelt gouf), a muss duerno nach eemol nei iwwerweisen. Schéckt dofir eng E-Mail mam Numm vun ärem Grupp a mat der Kontosnummer u .

☠ Umelleschluss fir nei an al Truppen ass de 15.06.2021. ☠

D’Umellung leeft iwwert de Formulaire um LGS Site (klick hei). Nodeems dir de Virement fir ären Trupp gemaach hutt, kritt dir ee Mail mat all de weideren Detailer zum Oflaf an zum Sponsoring.

Iwwerweisen op dëse Kont:
Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio
Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
Vermierk « Iron21, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef, Unzuel T-Shirts »

Plaz

Start/Schluss zu Klierf beim Chalet.

Start

Samschdes owes den 10. Juli 2021 zu Klierf. (Déi genee Zäitfënster kritt all Trupp nach matgedeelt)

Retour

Sonndes den 11. Juli 2021 ab 7 Auer. Wann d’CaraPio fäerdeg mat trëppele sinn, kënnen sie entweder mam öffentlechen Transport heemfueren, oder si kënnen zu Klier ofgeholl ginn.

Oflaf

D’CaraPio trëppelen an hirer Trupp (opdeele wann ≥10 Leit) iwwert Nuecht an hu maximal 24 Stonnen Zäit fir de ganze Wee ze trëppelen. Natierlech ka jiddereen och éischter ophalen. Wann e CaraPio bis fäerdeg ass mat trëppele, gëtt hien zeréck op de Chalet bruecht. Vun hei aus fiert hien alleng mam öffentlechen Transport heem oder gëtt ofgeholl. (Et gëtt keng iwwerdaachte « Salle d’attente », d.h. de CaraPio kann net op de Rescht vun sénger Trupp waarden)

Chef

All Chef den um Iron Scout dobäi ass, hëlleft bei dene verschidde Chargen (Taxi, Ravi, Wee zeechnen, Un/Ofmellung, Zentral etc ). Anescht ewéi d’CaraPio, muss hien op der Plaz bleiwen bis all seng CaraPio fäerdeg sinn a seng Charge erfëllt ass.

Sponsoring

D’CaraPio kënnen sëch Sponsore loosse pro Kilometer den si trëppelen. Den Erléis heivunn geet un de Kanner a Jugendtelefon.

De Formulaire fir de Sponsoring fënns du hei: klick hei

Präis

30€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter
45€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Material

– Mask
– Klenge Rucksak
– Waasserbidon (kann opgefëllt ginn)
– Lieblingssnack (alles anescht fir z’iessen gëtt et op de Posten)
– Täscheluucht & Ersatzbatterien
– Giele Gillet
– Reejacket an eppes géint d’Keelt
– Schung fir 65km iwwert Feld- a Bëschweeër ze goen
– Aktuell Fiche Médicale

Iron Chef

All Chef soll de Wee och selwer eemol trëppelen, esou weess hien wat op seng CaraPio duerkënnt. D’Méiglechkeet heifir ass den IRON Chef den 3. op de 4. Juli 2021. Umelle kann een sech mat enger Mail un bis den 1. Juni 2021.

Bis Geschwënn,

CaraPio Süden