Iron Scout 2021 – Info 1

Iron Scout

Nodeems den Iron Scout d’lescht Joer huet missen ausfalen, gi mir dëst Joer neess un de Start !

65 km, 24h !
#13th edition, #coronasafe

Deng CaraPio wëllen Action no ville latzegen Homeschooling-Deeg ? Si wëllen sech selwer op d’Prouf stellen an hir Kollegen erausfuerderen ? Dann ass den ass den IRON SCOUT genee de richtegen Challenge fir si. Be prepared, och fir de Coronavirus ! Dofir ginn et dëst Joer e puer Changementer am Oflaf, wat d’Erausfuerderung awer net manner grouss mécht.

Plaz

Start/Schluss zu Klierf beim Chalet.

Start

Freides owes den 2. Abrëll 2021 zu Klierf. (Déi genee Zäitfënster kritt all Trupp nach matgedeelt)

Retour

Samschdes den 3. Abrëll 2021 ab 7 Auer. Wann d’CaraPio fäerdeg mat trëppele sinn, kënnen sie entweder mam öffentlechen Transport heemfueren, oder si kënnen zu Klier ofgeholl ginn.

Oflaf

D’CaraPio trëppelen an hirer Trupp (opdeele wann ≥10 Leit) iwwert Nuecht an hu maximal 24 Stonnen Zäit fir de ganze Wee ze trëppelen. Natierlech ka jiddereen och éischter ophalen. Wann e CaraPio bis fäerdeg ass mat trëppele, gëtt hien zeréck op de Chalet bruecht. Vun hei aus fiert hien alleng mam öffentlechen Transport heem oder gëtt ofgeholl. (Et gëtt keng iwwerdaachte « Salle d’attente », d.h. de CaraPio kann net op de Rescht vun sénger Trupp waarden)

Chef

All Chef den um Iron Scout dobäi ass, hëlleft bei dene verschidde Chargen (Taxi, Ravi, Wee zeechnen, Un/Ofmellung, Zentral etc ). Anescht ewéi d’CaraPio, muss hien op der Plaz bleiwen bis all seng CaraPio fäerdeg sinn a seng Charge erfëllt ass.

Sponsoring

D’CaraPio kënnen sëch Sponsore loosse pro Kilometer den si trëppelen. Den Erléis heivunn geet un de Kanner a Jugendtelefon.

De Formulaire fir de Sponsoring fënns du hei: klick hei

Präis

30€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter
45€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Umellung

Umelleschluss ass den 8. Mäerz 2021.

D’Umellung leeft iwwert der Formulaire um LGS Site hei ënnendrënner (klick hei). Nodeems dir de Virement fir äer Trupp gemaach hutt, kritt dir e Mail mat all de weideren Detailer zum Oflaf an zum Sponsoring.

Iwwerweisen op dëse Kont:
Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio
Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
Vermierk « Iron21, Unzuel CaraPio, Unzuel Chaf, Unzuel T-Shirts »

Material

– Mask
– Klenge Rucksak
– Waasserbidon (kann opgefëllt ginn)
– Lieblingssnack (alles anescht fir z’iessen gëtt et op de Posten)
– Täscheluucht & Ersatzbatterien
– Giele Gillet
– Reejacket an eppes géint d’Keelt
– Schung fir 65km iwwert Feld- a Bëschweeër ze goen
– Aktuell Fiche Médicale

Iron Chef

All Chef soll Wee och selwer eemol trëppelen, esou weess hien wat op seng CaraPio duerkënnt. D’Méiglegkeet heifir ass den IRON Chef de 26.-27. März 2021. Umelle kann een sech mat enger Mail un .

Bis Geschwënn,

CaraPio Süden