Slov’It 2020 – Info 2 – Umeldung & 1. Acompte

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

D’Virbereedunge lafen op Héichtouren. Dat kann nëmmen e gudde Camp ginn.

Mir hunn decidéiert den Delai fir déi definitiv Umeldung an den 1. Acompte vun 150€ pro Persoun fir de “Slov’It 2020 Back to Nature” bis den 20. Dezember 2019 ze verlängeren.

Wann dir iech nach net ugemellt hutt, da maacht dat w.e.g. um Site vun de CaraPio iwwert dëse Formulaire (bis den 20.12.2019).

Den definitive Preis ass elo op 525€ pro Persoun festgeluecht ginn.

Et ass wichteg, dass dir nëmmen 1 gemeinsame Virement fir déi ganz Trupp maacht.

  • Kontosnummer: Lëtzebuerger Guiden a Scouten – CaraPio Camp Slowenien
    LU51 0026 1844 0408 6000
  • Betreff: Trupp, Uertschaft, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef

Wéi et weider geet:

  • 2. Acompte vun 200€ bis den 02.03.2020
  • 3. Acompte vun 175€ bis de 15.05.2020

En Opruff geet un déi Truppen, déi vill Chef hu fir mat op de Camp ze goen. Et gi nach puer Leit am STAFF (Programm, Ravi, …) gebraucht, resp. bréichte mir puer Leit, déi eis wärend dem Camp als Mataarbechter zur Hand ginn.

Weider Informatioune fannt dir um CaraPio Site oder hei.

Mir soen iech elo scho Merci, mellt iech einfach op

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.