Funkraid Januar 2016

De Nuetsfunkraid war dëst Joer um Neihaischen vum 9.- 10. Januar 2016.
55 Participanten hunn de Challenge opgeholl, fir vun 18h bis 6h moies duerch d’Nuecht ze trëppelen, ausgerüst mat Funk, Kaart a Kompass.

Samschdes mëttes sinn d’Gruppen ukomm a hunn ee klengen Opfrëschungscours a punkto Kaart a Kompass kritt. Nodeems si nach eng genau Erklärung zur Funkprozedur kruten, hu mir eng gutt Spaghetti giess. Um 18h ass et lass gaang mat enger Kräizpeilung. Dono missten si a klenge Gruppen hire Wee duerch d’Nuecht fannen. Verschidde Gruppe wollte méi vum Land gesinn an hu méi ee groussen Tour gemaach. Alles an allem ass jidderee rëm gutt um Neihaischen ukomm.

Vill Succes huet de Nuetsfunkraid, dofir haalt d’Aen op fir dee nächsten a mellt iech mat Zäit un. D’Plaze si limitéiert an ëmmer voll besat.

Merci un déi motivéiert Gruppen, déi matgemaach hunn.

IMG_1622 IMG_1576 IMG_1610 IMG_1608IMG_1559